aller au contenu
 
 
 

EU-Talk (6): Journalismus a Krisenzäiten

Bei eisem 6. EU-Talk iwwert de Journalismus a Krisenzäiten diskutéiere mir iwwert de groussen Intérêt, mat dem déi aktuell Noriichte verfollegt an Zeitunge gelies ginn.

Trotzdeem hu verschidde Print- an Onlinemedien grouss finanziell Problemer, well hiert Akommes haaptsächlech duerch d'Annoncen erofgaangen ass. Dat kritescht Hannerfroe vun der Situatioun an den Handlungsweisen, sinn eng essentiell Aufgab vun de Journalisten, déi iwwert onofhängeg Medien eng kontrolléierend Funktioun vum Stat iwwerhuelen.

Invitéën:
Monica Semedo, EU-Députéiert
Christoph Bumb, Journalist bei reporter.lu,
Ines Kurschat, Journalistin beim Lëtzebuerger Land,
Diego Velazquez, de Bréisseler Korrespondent vum Luxemburger Wort