aller au contenu
 
 
 

EU-Talk (7): Parlamenter a Krisenzäiten

Eise 7. EU-Talk iwwert d’Roll vun Parlamenter a Krisenzäiten.
Aktuell ass en Noutstand zu Lëtzebuerg an och a villen europäesche Staten erkläert ginn, wouduerch d'Regierungen duerch Veruerdnunge regéiere kënnen.

Dës brauchen net, wéi normal, d'Zoustëmmung vum Parlament. D'Legislativ huet elo also fir eng gewëssen Zäit eng nei Roll.
Wat ass am Moment d'Responsabilitéit vum Parlament? Wat fir Aufgaben hu Parlamenter, wann d'Exekutiv iwwergangsweis méi Muecht iwwerhëlt? Wat geschitt am EU-Parlament wärend d'Kommissioun verschidde Proposen ausschafft? Wourop muss opgepasst ginn, souwuel op nationalem wéi och op EU-Niveau?
Dës Froen interesséieren eis bei der 7. Editioun vum EU-Talk.

Invitéën:
Fernand Etgen, Chamberspresident,
Isabel Wiseler-Lima, Europadeputéiert,
Charles Goerens, Europadeputéierten,
Prof. Dr. Philippe Poirier, Uni Lëtzebuerg (Titulaire vun der Chaire de recherche en études parlementaires op der Uni Lëtzebuerg)