aller au contenu
 
 
 

EU-Talk (4) : Kultur a Pandemie - Auswierkungen a Perspektiven

Eise 4. EU-Talk am Kontext vun der Coronakris, dës Kéier iwwert d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg an an Europa an Zäite vun an no der Kris.

Eise 4. EU-Talk am Kontext vun der Coronakris, dës Kéier iwwert d’Kulturzeen zu Lëtzebuerg an an Europa an Zäite vun an no der Kris.
De Kultursecteur ass ganz uerg vun der Covid-19-Kris betraff: d'Concerte sinn ofgesot, d'Theateren, d'Muséeën an d'Kinoe sinn zou an d'Filmproduktioune verluecht, etc.
Dëst alles kascht ville Leit, vun deenen och vill schonns virun der Kris seriö Schwieregkeeten haten, hir Existenzgrondlag.
D'Europaparlament huet sech dofir ausgeschwat, de Kultur- a Kreativsecteur ze ënnerstëtzen. Verschidde Mesuren sinn ergraff, fir de Leit ënnert d'Äerm ze gräifen, an d'Konscht an d'Kultur um Liewen ze erhalen. Doriwwer diskutéiere mer mat eisen Invitéën.

Eis Invitéë:
Sam Tanson, Kulturministesch
Monica Semedo, Europadeputéiert
Carole Lorang, Direktesch vum Escher Theater
Serge Tonnar, Fräischaffende Muséker

 .