aller au contenu
 
 
 

EU-Talk : SOTEU 2020 - Lag vun der Europäescher Unioun - Wou sti mir an Europa?

Wéi steet et ëm d'europäesch Unioun ee Joer no der Wiel vun enger neier Kommissioun? Wéi huet d'EU op d'Covid-Kris reagéiert? Wéi gesäit den zukünftege Budget aus?

A wéi eng Riichtung gi mer an den nächste Méint?
Dat sinn e puer vun de Froen, iwwer déi d'Europadeputéiert de kommende Mëttwoch mam Ursula von der Leyen, der Presidentin vun der europäescher Kommissioun, am Kader vum Débat iwwert d'Lag vun der europäescher Unioun diskutéieren.

Direkt nom Debat am Europaparlament invitéieren Iech de Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament an d'Vertriedung vun der europäescher Kommissioun op en EU-Talk fir zesumme mat den Deputéierte Christophe Hansen (EVP/CSV), Marc Angel (S&D/LSAP), Charles Goerens (renew/DP) an Tilly Metz (Les Verts/ALE/déi gréng) de Punkt iwwer deen Debat ze maachen.